De 17 järegen Australier The Kid Laroi huet seng neiste Single zesumme mam Justin Bieber released!

Fakten:

D'Single "Stay" ass eng Mëschung aus dem The Kid Laroi senger rauer an dem Justin Bieber senger softer Stëmm. D'Lidd soll beschreiwen, wéi een sech fillt wann een drop waart dass seng grouss Léift zréckkënnt. Trotzdeem ass d'Lidd net ze vill traureg ginn an huet definitiv Hit-Potenzial 

Aussergewéinleches:

Den Charlton Kenneth Jeffrey Howard, dee mir besser ënnert dem Numm The Kid Laroi kennen, gouf no senger éischter net sou erfollegräicher Single vum verstuerwene Rapper Juice WRLD entdeckt. Zesummen hunn si d'Single "Hate The Other Side" erausbruecht, wat dem The Kid Laroi all Dieren opgemaach huet.

Fréier Hits:

Di 2 Museker si ganz uewen ukomm. Sie hate schonn allen zwee riseg Hits geschriwwen a released. Dem The Kid Laroi säi gréissten Hit war sécherlech d'Single "Without You". Mee och den Justin Bieber hat schonn eng Rei Hits a gëllt als ee vun deenen erfollegräichste Museker aus deene leschte Joren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Polo G, Niall Horan, Shawn Mendes

Lauschtert eran!