D'Band Imagine Dragons ass zréck mat hirer neier an emotionaler Single "Wrecked".

Fakten:

Déi nei Single "Wrecked" vun den Imagine Dragons huet d'Band zesumme mam Produzent Rick Rubin produzéiert a released. Bei dëser Single konzentréieren sech d'Museker rëm méi op Oppenheet an Direktheet amplaz alles a Metapher ze verstoppen. Mat der Single gouf dann och hire 5ten Studioalbum "Mercury - Act 1" ugekënnegt, deen den 3. September 2021 soll erauskommen.

Aussergewéinleches:

Déi nei Single ass dann immens perséinlech ginn. Am Lidd "Wrecked" probéiert de Sänger Dan Reynolds den Doud vun der Fra vu sengem Brudder ze verschaffen. Nodeems des no laanger Kriibserkrankung gestuerwe war probéieren Imagine Dragons elo no hirer Trauerphas erëm weider ze maachen.

Fréier Hits:

D'Imagine Dragons hate schonn en Rei ganz grouss Hits. Dozou gehéieren dann zum Beispill Lidder wéi "Radioactive" aus dem Joer 2012 oder "Believer". Och mat "Follow You" stoungen si international laang an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

OneRepublic, Awolnation, Walk The Moon

Lauschtert eran!