D'K-Pop Band BTS hunn eng nei Single zesummeen mam Ed Sheeran released.

Fakten:

Déi nei Single "Permission To Dance" hun BTS zesumme mam brittesche Sänger Ed Sheeran produzéiert. D'Single ass ganz Disco-inspiréiert an soll déi gewinnte Positivitéit vun der Boy-Band bäibehalen. Am Museksvideo danzen déi koreanesch Museker am Cowboy-Look, deen an der kalifornescher Wüüst gedréint gouf.

Aussergewéinleches:

D'Museker vu BTS hunn eng extrem grouss Fan-Base, déi sech selwer als BTS-Arméi bezeechnen. D'Fans hu beim Lidd "Butter" schonn de Rekord mat de Youtube-Klicks erreecht. Dëse Rekord probéieren d'Fans elo nach eng Kéier ze iwwerbidden.

Fréier Hits:

BTS hire gréissten Hit bis elo war warscheinlech d'Single "Dynamite", mat der si international risegen Erfolleg haten. Mee och hir lescht Single "Butter" war a ganz ville Länner ganz uewen an den Charts vertrueden.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

j-Hope, RM, Stray Kids

Lauschtert eran!