Endlech nei Musek vun der amerikanescher Pop-Indie Band Walk the Moon!

Fakten:

Nodeems hire leschten Album "What If Nothing" 2017 erauskomm ass, hunn déi Walk The Moon elo hir neiste Single "Can You Handle My Love" released. De Sänger seet dass d'Lidd drëm geet sech selwer gär ze hunn. D'Lidd soll beschreiwen, dass een sech ëmmer trei soll bléiwen, och wann et mol eng Kéier net esou gutt leeft. Am Hierscht soll dann och hiren neien Album "Heights" erauskommen.

Aussergewéinleches:

Elo huet de Sänger Nicholas Petricca dann och an engem Interview als Bi-Sexuell geout. Duerch d'Erfarunge mat Männer a mat Fraen huet hie gemierkt dass hien sech dann och zu deenen 2 higezu fillt.

Fréier Hits:

Mam Lidd "Shut Up And Dance" hate Walk The Moon 2014 hire gréissten Hit mat dem si sech international an d'Charts katapultéiert hunn. An Tëschenzäit huet de Song scho bal eng Milliard Streams op Spotify erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

YOung the Giant, Atlas Genius, Jukebox The Ghost

Lauschtert eran!