No 2019 déi éischt nei Musek vun der Sängerin

Fakten:

D'Fans vun der kubanesch-amerikanescher Sängerin Camila Cabello waren elo scho säit 2019 op nei Musek vun der Sängerin. Lo huet d'Sängerin dann endlech seng nei Single "Don't Go Yet" released. D'Single wäert dann och op sengem Album "Familia" mat drop sinn.

Aussergewéinleches:

D'Sängerin huet op Twitter ugekënnegt, dass hat dann dëse Freide wäert beim Jimmy Fallon an der Fernseh-Sendung live mam Song "Don't Go Yet" optrieden.

Fréier Hits:

Dem Camila Cabello seng gréissten Hits bis elo ware mat Sécherheet d'Lidder "Havana" an "Señorita". Mat dëse Lidder stoung hat dann och international iwwerall ganz uewen an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Selena Gomez, Fifth Harmony, ZAYN

Lauschtert eran!