Wann ee gutt oppasst kann engem d'Lidd bekannt virkommen.

Fakten:

De spuenesche Produzent HVME huet zesumme mam Rapper 24K Goldn a Quavo seng neiste Single "Alright" released. Nodeems den HVME an deene leschte Joren ëmmer rëm mat grousse Stare zesummegeschafft huet wäert och dës Single een Erfolleg ginn. D'Single ass eng Mëschung tëschent Hip-Hop an Disco Vibes.

Aussergewéinleches:

De HVME huet sech fir seng Single "Alright" de Bausa mat sengem Lidd "Was du Liebe nennst" aus dem Joer 2017 inspiréiert an dëst gesampelt.

Fréier Hits:

Berüümt ginn ass den HVME duerch säi Remake vum Travis Scott a Kendrick Lamar hirem Lidd "Goosebumps".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Timmy Trumpet, David Guetta, W&W

Lauschtert eran!