D'Sängerin ass zeréck mat neier Single a mat neiem Album.

Fakten:

Déi 44 Joer al Sängerin Shakira huet no enger Paus vu 4 Joer elo endlech rëm eng nei Single erausbruecht. Mam Lidd "Don't Wait Up" huet hatt awer bëssen een anere Genre ageschloe wéi een dat gewinnt ass. D'Single ass nämlech bësse méi Pop-orientéiert an huet net esou vill Latino-Aflëss. Am Joer 2022 soll dann och een neien Album vum Shakira erauskommen.

Aussergewéinleches:

Vue dass d'Sängerin aus Latäin-Amerika kennt, huet hat meeschtens och op Spuenesch gesongen. D'Lidd "Don't Wait Up" ass awer ganz op Englesch gesongen, wat dann och bësse méi speziell fir d'Shakira ass.

Fréier Hits:

Am Shakira senger laanger Karriär hat d'Sängerin schonn en Rei grouss Hits. Mat Lidder wéi "Hips Don't Lie" mam Wyclef Jean oder mam WM Song "Waka Waka (This Time For Africa)" huet d'Sängerin awer déi gréissten Hits gehat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Thalia, Paulina Rubio, Wyclef Jean

Lauschtert eran!