De schwedesche Pop-Sänger Brother Leo ass zeréck mat enger neier Single.

Fakten:

No enger klenger Paus huet den Ola Svensson alias Brother Leo seng neiste Single "People" released. D'Lidd soll fir de Sänger een neit Kapitel sinn. De Beat an de Sample suergen dofir, dass een direkt Loscht kritt ze danzen an ze sangen. "People" soll verschidde Perspektive vun der Merscheet beschreiwen, wéi zum Beispill Léift an Zynismus.

Aussergewéinleches:

Am Museksvideo stellt de Sänger sech als moderne Jesus duer, dee Party mécht an "das letzte Abendmahl" besteet aus Pizza, Burger a bëllegem Wäin. De Video soll weisen, wéi et wier wann de Jesus am 21. Joerhonnert gelieft hätt.

Fréier Hits:

Säin gréissten Erfolleg hat de Sänger Brother Leo awer mat sengem Lidd "Sad Child", mat deem hien international grouss Unerkennung kritt huet an och bëssen säin Duerchbroch war.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Oscat Zia, Danny Saucedo, Robin Bengtsson

Lauschtert eran!