Den David Guetta huet sech mam MistaJam a John Newman zesummegedoe fir seng neiste Single "If You Really Love Me"

Fakten:

De franséische Star-DJ David Guetta huet sech mam DJ a Produzent MistaJam an dem Sänger John Newman zesummegedoe fir d'Single "If You Really Love Me" ze produzéieren. D'Lidd ass ee Remake vum Whitney Houston sengem Hit "How Will I Know" aus den 80er Joren. No 24 Stonnen hat den neien Hit schonn iwwer 1 Millioun Streams erreecht.

Aussergewéinleches:

No méi wéi 20 Joer war d'Joer 2020 dat éischt Joer fir de Star-DJ an deem hien net op Tour war. Hien huet d'Joer trotzdeem genoss an sech gutt erholl. Trotzdeem ass de Fransous frou rëm kënnen op Tour ze goen.

Fréier Hits:

Den David Guetta hat schonn zimmlech vill immens grouss Hits. Dorënner dann och Lidder wéi "Memories", "Titanium" oder Klassiker wéi "Sexy Bitch" an "When Love Takes Over".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Calvin Harris, Galantis, Axewell & Ingrosso

Lauschtert eran!