De Sänger Dermot Kennedy huet seng neisten Solo-Single released.

Fakten:

Den 29 Joer alen iresche Sänger Dermot Kennedy huet mat "Better Days" seng nei Single released. Mam Lidd "Better Days" probéiert den Dermot Kenndy senge Fans Hoffnung an Trouscht ze vermëttelen.

Aussergewéinleches:

Am Lidd gëtt de Sänger vu Piano an engem Chouer begleet wouduerch eng gefillsvoll  Melodie entsteet. Doduerch erhofft de Sänger sech, dass dëst Lidd als Live-Favorit bei de Fans ukomme wäert.

Fréier Hits:

Dem Dermot Kennedy säi gréissten Hit hat hie mat de Produzente vu Meduza an hirem Lidd "Paradise" aus dem Joer 2020. Direkt nom Release stoung d'Single international bal iwwerall an den Top-10.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Gavin James, Ed Sheeran, JP Saxe

Lauschtert eran!