D'Selena Gomez huet wärend der leschter Zäit Spuenesch geléiert fir seng aktuell Singles.

Fakten:

Déi jonk amerikanesch Sängerin Selena Gomez huet sech mam kolumbianesche Sänger Camilo zesummegedoen an déi nei Single "999" released. D'Lidd soll nach eng Kéier fir gutt a summerlech Vibes suergen och wann de richtege Summer warscheinlech lues awer sécher op en Enn geet.

Aussergewéinleches:

Et ass net déi éischt Single bei der déi amerikanesch Sängerin op Spuenesch séngt. D'Selena Gomez huet Spuenesch geléiert an deene leschte Joren an dowéinst och am Mäerz eng ganz EP mam Numm "Revelaciôn" op spuenesch erausbruecht.

Fréier Hits:

Déi jonk Sängerin ass duerch Lidder wéi "It Ain't Me" zesumme mam DJ Kygo oder duerch d'Single "Wolves" berüümt. Mat dëse Singles stoung d'Selena Gomez international och iwwerall ganz uerwen an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Demi Lovato, Fifth Harmony, Camila Cabello

Lauschtert eran: