D'Lidd "End of Summer" vum Nico Santos ass eng zimmlech familiär Single ginn.

Fakten:

Déi ganz nei Single vum Nico Santos "End of Summer" soll beschreiwen, wéi eng gutt an intensiv Zäit op en Enn geet. Sief et eng Bezéiung, oder eng schéin Zäit, déi ee mat der Famill hat. D'Lidd soll dann och um Nico Santos sengen nächsten Album mat drop sinn. Op dësem wäert de Museker dann och verschidde Genren an Ugrëff huelen.

Aussergewéinleches:

Ganz speziell ass da bäi dëser Single, datt de Nico Santos hei mat senger Famill zesummegeschafft huet. Hei huet nämlech seng Schwëster d'Backing Vocals agesongen, seng Mam spillt Gittar a säi Papp spillt Panflütte. D'Famill huet dës Single da wärend hirer Vakanz zesummen zu Mallorca och scho live performed.

Fréier Hits:

Zum Nico Santos senge gréissten Hits gehéiere Lidder wéi "Play With Fire" "Rooftop" oder "Better". Mat dëse war hien och wäit iwwert d'Grenze vun Däitschland bekannt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Wincent Weiss, Mike Singer, LEA

Lauschtert eran: