Den däitschen DJ a Produzent schafft fir seng neiste Single mat der amerikanescher Sängerin Bebe Rexha zesummen.

Fakten:

Nodeems den däitschen DJ a Produzent Topic mat senger Single "Your Love" huet hien sech elo mat der amerikanescher Pop-Sängerin Bebe Rexha zesummegedoen an d'Single "Chain My Heart" produzéiert. An der Single wëllen si d'Gefill vun der Sehnsucht beschreiwen, déi een empfënnt wann een eng Persoun kenneléiert an dës net méi lassloosse well. Doduerch ass eng Club-Single entstanen, déi definitiv zum danzen aluet.

Aussergewéinleches:

Nodeems d'Bebe Rexha am Joer 2016 scho mam Martin Garrix zesumme geschafft huet, huet d'Sängerin seng Léift fir EDM-Musek fonnt. Doduerch war hat och direkt mat dobäi, wéi den Topic no enger Kollaboratioun gefrot huet. Den Topic seet awer selwer, dass hie keen EDM méi mécht mee éischter MDM - Melancholy Dance Music.

Fréier Hits:

Den Topic ass duerch seng Single "Your Love" zesumme mam ATB an dem A7S berüümt ginn. Dës war warscheinlech dee bis elo gréissten Hits fir den däitsche Museker.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

twocolors, Imanbek, HUGEL

Lauschtert eran: