Dee Mann dee säin Numm virun all Lidd seet ass zeréck mat senger neier Single.

Fakten:

Den Jason Derulo gehéiert zu deenen gréissten Museker aus der aktueller Zäit. Elo ass hien mat sengem neien Hit "Acapulco" zeréck. Bësse méi spéit am Summer probéiert de Museker nach eng Kéier mat engem summerlechem Track d'Charts ze stiermen. Am Text séngt den Jason Derulo dovunner, dass hien eng Fra kennen geléiert huet an d'Fanger einfach net vun hier loossen kann.

Aussergewéinleches:

Den Jason Derulo ass bekannt dofir, dass hien ëmmer säin Numm am Ufank vun all Lidd seet. An engem Interview huet de Museker eng Kéier erkläert, dass hien dat um Ufank vu senger Karriär benotzt huet, fir dass d'Leit hie géifen rëmerkennen. Elo huet hien sech dorunner gewinnt an et ass scho bëssen zu sengem Markenzeechen ginn.

Fréier Hits:

Den Jason Derulo hat schonn eng ganz Rei Hits, déi international ee immensen Duerchbroch haten. Seng gréissten Erfolleger huet hien awer och der App Tik Tok ze verdanken, wou Lidder wéi "Savage Love" an "Swalla" fir Milliounen vun Videos benotzt goufen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Taio Cruz, Jay Sean, Iyaz

Lauschtert eran: