No "Friday" ass et dann elo um "Weekend"

Fakten:

Nodeems Mufasa & Hypeman mat hirer Single "Friday" definitiv déi international Charts gerockt hunn, hunn si elo hier neiste Single zesumme mam DJ Dopamine erausbruecht. A wéi kéint et anescht sinn: No "Friday" kennt natierlech elo "Weekend".
Et ass eng Feel-Good Single, déi d'Loscht op de Weekend soll verstäerken.

Aussergewéinleches:

Fir d'Single "Weekend" hunn sech Mufasa & Hypeman an den Dopamine um 80er Megahit "Holiday" vum Madonna inspiréiert. Doduerch ass dann een House-Cover entstanen, deen d'80er Vibes nach eng Kéier opliewe léisst.

Fréier Hits:

Bis elo hate Mufasa & Hypeman eréischt ee groussen Hit. Dat war natierlech d'Single "Friday" déi international ee risegen Erfolleg fir d'Museker war an op alle Radioen erop an erof gelaf ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Azteck, Wyles, Never Sleeps

Lauschtert eran: