Eng ganz emotinal nei Single vum brittesche Sänger.

Fakten:

Mat der neister Single "Don't Break The Heart" vum brittesche Sänger Tom Grennan well de Museker den Doud vun zwee Léit verschaffen déi hie kannt huet. De Sänger seet, dass hien d'Gefill vun engem Chaos a sengen Emotiounen hat an dass et immens schwéier war dës Situatioun ze verschaffen.

Aussergewéinleches:

Mam Release vun der neier Single ass dann och dem Tom Grennan säin neien Album "Evering Road" nach eng Kéier als Special-Edition erauskomm.

Fréier Hits:

De Sänger Tom Grennan ass da mat Lidder wéi "Found What I've Been Looking For", "Little Bit Of Love" an "By Your Side" berüümt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Ten Tonnes, Sea Girls, Sam Fender

Lauschtert eran: