D'Pop-Ikon Alicia eys huet zesumme mam Swae Lee d'Single LALA released.

Fakten:

Nom Alicia Keys sengem groussen Erfolleg zesumme mam Jay-Z an hirem Lidd "Empire State of Mind" ass déi amerikanesch Pop-Sängerin net méi aus der Musekszeen ewechzedenken. Elo ass hat mat der Single "LALA" zesumme mam Swae Lee zeréck. D'Single soll d'Nolauschterer an eng aner Welt entféieren an se bësse vum groen Alldag ewechkréien.

Aussergewéinleches:

D'Sängerin huet dann déi ganz aktuell Single "LALA" dann och gëschter live bei den MTV Video Music Awards performed. Dat war dann och déi éischte Kéier, dass d'Fans den Track erliewe konnten.

Fréier Hits:

D'Alicia Keys ass duerch Lidder wéi "Empire State of Mind" "Underdog" oder och nach "Girl on Fire" berüümt ginn. Am ganzen huet d'Sängerin och schonn iwwer 30 Milliounen Albe verkaaft a krut scho 15 Grammys.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Brandy, Kelly Rowland, John Legend

Lauschtert eran: