Éischt nei Musek no hirem Album aus dem Joer 2020.

Fakten:

Dei brittesch Indie-Rock Band Glass Animals hu schonn am Joer 2014 hiren éischten Album "ZABA" erausbruecht. 7 Joer an 3 Alben duerno sinn si dann och erëm zeréck mat der neier Single "I Don't Wanna Talk". Am Lidd geet et eigentlech dorëms, dass ee wärend der Pandemie verschidde sozial Kompetenze verluer huet an dës elo nach eng Kéier muss nei leieren.

Aussergewéinleches:

Vue dass an der moderner Musekszeen ëmmer méi Collaboratioune gemaach ginn, si Glass Animals déi eenzeg brittesch Band ausser dem Ed Sheeran, déi et an d'US Top 10 bäi Spotify gepackt hunn.

Fréier Hits:

Glass Animals sinn am Joer 2020 duerch d'Single "Heatwaves" international berüümt ginn. Dat war dann och den Duerchbroch fir déi brittesch Band. Dat Lidd war dann och op hirem leschten Album "Dreamland" mat drop.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Electric Guest, Goth Babe, Coast Modern