Den amerikanesche Pop-Sänger a Produzent FINNEASass zeréck mat neier Single.

Fakten:

Den 24-Järege FINNEAS huet sou just nach d'90er Jore materlieft. A senger neister Single "The 90s" séngt hien doriwwer, dass een deemools nach net esou vill Gedanken huet misse maachen, vue dass et an enger Welt ouni den Internet an den Handy vill méi einfach gewiescht wier ee Wonsch ze äusseren. Et ass eng ganz melancholesch Single mat immens vill Autotune.

Aussergewéinleches:

De Museker FINNEAS huet seng Karriär als Museker schonn immens fréi gestart. Mee säi groussen Duerchbroch hat hien allerdéngs éischter nach méi doduerch dass hien dem Billie Elish säi grousse Brudder ass a vill Musek fir hat schreift. Ënner anerem huet hien domadder dann och 8 Grammys gewonnen.

Fréier Hits:

Dem FINNEAS säi gréissten Hit war d'Single "Let's Fall In Love for the Night" mat der hien op Spotify an Zwëschenzäit schonn 270 Millioune Streams erreecht huet. De Sänger huet also och niewent senger berüümter klenger Schwëster eng gutt Karriär als Solo-Kënschtler higeluecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Ashe, Conan Gray, Christian Leave