Wann dës 4 Museker zesummeschaffen, dann entsteet eng relax Dance-Pop Single.

Fakten:

Déi zwee Produzente R3HABJonas Blue hunn sech mat de Sängerinnen Ava MaxKylie Cantrall fir d'Single "Sad Boy" zesummegedoen. Duerch déi ganz verschidden Usiichte vu Musek ass eng Single entstanen déi Elementer aus verschiddene Museksgenre zesummefaasst. Et ass op jiddefalls eng poppeg Single déi trotzdeem EDM Elementer mat dran huet.

Aussergewéinleches:

Nodeems de R3HAB dem Ava Max säi Lidd "Everytime I Cry" geremixed hat, huet hien sech och mat der Sängerin perséinlech ugefrënnt. Doduerch ass och déi nei Single entstane vue dass de Produzent onbedéngt eng Kéier wollt mam Ava Max a senger Mega-Stëmm zesummeschaffen.

Fréier Hits:

Den DJ a Produzent R3HAB ass duerch seng Single a Remake "All Around The World" aus dem Joer 2019 berüümt ginn. Domadder huet hien de klasseschen Eurodance Sound aus den 90er Joren nach eng Kéier opliewe gelooss.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Nicky Romero, Quintino, Alesso