Déi dräi Bridder hunn eng nei Single released, déi rëm fir een Ouerwuerm suergt.

Fakten:

Nodeems d'Jonas Brothers hire leschten Album "Happiness Begins" erausbruecht haten an domadder d'Fans begeeschtere konnten, hunn si elo hir neiste Single "Who's In Your Head" released. Am Text vun der Single freet de Sänger sech, op seng Ex hie jeemools richteg gär hat a wien lo senger Ex säin Häerz géif eroberen.

Aussergewéinleches:

D'Jonas Brothers hunn sech am Joer 2005 gegrënnt. Am Joer 2013 hunn sech déi 3 Bridder wéinst Streidereie getrennt an hunn ganzer 6 Joer keng Musek zesumme gemaach. Den 1. Mäerz 2019 hunn si hire Comeback mam Song "Sucker" gefeiert. Dat Joer koum dann och nach den Album "Happiness Begins" eraus.

Fréier Hits:

Zu deene gréissten Hits aus dem Repertoire vun den Jonas Brother gehéiere mat Sécherheet Lidder wéi "Sucker", "Only Human" oder "What a Man Gotta Do". Domadder hunn si dann och hiren Duerchbroch an der internationaler Musekszeen erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Nick Jones, Hannah Montana, Christopher Wilde