Dësen neien Track wäert dann och um G-Eazy sengem neien Album mat drop sinn.

Fakten:

Den amerikanesche Rapper G-Eazy huet sech fir d'Single "Breakdown" mat der Schauspillerin a Musekerin Demi Lovato zesummegedoen. Et ass een Track entstanen, deen immens déifgrënneg Texter huet an deen erkläre soll, wéi et ass ee Mënsch ze sinn a wei eng Problemer dat och mat sech bréngt.

Aussergewéinleches:

D'Single "Breakdown" wäert dann och um G-Eazy sengem Album "These Things Happen Too" mat drop sinn, deen de 24. September soll erauskommen. De Museker huet och an engem Interview verroden, dass dës Single eng vu senge Liblingslidder wier an dass hien sech immens iwwert d'Zesummenaarbecht géif freeën.

Fréier Hits:

Den G-Eazy huet den internationalen Duerchbroch ausserhalb der Hip-Hop Zeen duerch säi Lidd "Me, Myself & I" erreecht. Awer och Lidder wéi "Him & I" zesumme mat der Sängerin Halsey oder "No Limit" gehéieren zu senge gréissten Hits.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Kid Ink, French Montana, Gashi