Den Sérgio Manique lieft zu Los Angeles an huet lo zesummme mat sengem Kolleg Jordan den Duo "Sheek" gegrënnt.

Fakten:

Sheek ass een Duo, deen aus dem lëtzebuergeschen Museker a Produzent Sérgio Manique an sengem amerikanesche Kolleeg Jordan besteet. Elo hunn si hier Debut-Single "M.I.A" erausbruecht. An dëser wëllen déi zwee Museker beschreiwen, wéi et ass wann een mam Auto an der Sonn ënnerwee ass an sech an de Gedanken u säi Partner verléiert.

Aussergewéinleches:

"M.I.A" heescht an Amerika "Missing in Action". Domat wëllen si beschreiwen wann een Zaldot zum Beispill vermësst gëtt an awer nach net bestätegt ass, dass en am Krich gefall ass. Sheek wellen dëst Gefill mat dëser Single bëssen vergläichen andeems een sech an de Gedanken verléiert an net méi zeréck fënnt.

Fréier Hits:

Bis elo haten Sheek nach keng Singles erausbruecht. Et sinn awer nach déi eng oder aner Single geplangt a souguer eng EP fir Enn des Jores.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Iceleak, Shavi, MARC