Mat dëser Single wëllen Ofenbach een Hurricane op den Dance-Floors produzéieren.

Fakten:

De franséischen DJ-Duo Ofenbach hunn zesumme mat der Sängerin Ella Henderson d'Power-Single "Hurricane" released. D'Single ass eng euphoresch Dance-Pop-Single déi Loscht op danzen a feiere soll maachen. Dat ganzt gëtt dann ënnermoolt mam Ella Henderson senger markanter Stëmm, déi laut dem Duo perfekt zum Song géif passen. Mam Song soll nach eng leschte Kéier e puer Summer-Vibes verspreet ginn.

Aussergewéinleches:

An engem Interview hunn Ofenbach verroden, dass si sech schonn ëmmer eng Kollaboratioun mam Ella Henderson gewënscht hunn. Och d'Sängerin sot dass et fir hat eng mega Freed gewiescht wier mat den zwee Fransousen zesummenzeschaffen. Mam Song wëllen si een Hurricane op den Dance-Floors produzéieren.

Fréier Hits:

No hirer Grënnung am Joer 2014 ass et fir den DJ-Duo eigentlech just nach biergop gaangen. Mat der Single "Head Shoulders Knees & Toes" hunn si awer dunn hire gréissten Hit erausbruecht deen sech iwwer Méint an den internationalen Charts wäit uewen opgehalen huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Kungs, Lost Frequencies, Felix Jaehn