Déi brittesch Band Coldplay huet sech mat der koreanescher Boy-Band BTS zesummegedoen.

Fakten:

Säit der Grënnung vun der Band Coldplay am Joer 1996 huet d'Band ëmmer rëm mat aneren Museker zesummegeschafft. Fir hiren neiste Song "My Universe" hunn sech Colplay mat der koreanescher Boyband BTS zesummegedoen. Doraus ass eng Single entstanen, déi déi klasschen Téin mam Gesang vu BTS vereent. D'Lidd wäert dann och um neien Album vu Coldplay mat drop sinn, deen de 15. Oktober 2021 wäert erauskommen.

Aussergewéinleches:

Normalerweis sinn d'Texter vu Colplay natierlech op Englesch. Fir d'Single "My Universe" mat BTS zesummen hu Coldplay op englesch gesongen a verschidden Textzeile goufen da vu BTS op koreanesch performed. Doraus ersteet nach eng Kéier eppes ganz Spezielles a soll dann och déi verschidden Universe weisen.

Fréier Hits:

Zu deene gréissten Hits vun der brittescher Band gehéiere mat Secherheet Lidder wéi: "Yellow", "Viva La Vida" oder "Sky Full Of Stars". Duerch déi Lidder si Coldplay zu enger vun deene gréisste Bands an der aktueller Museksbranche ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

OneRepublic, Tom Odell, Kodaline