Ganz emotionale Song vum brittesche Sänger James Arthur.

Fakten:

De brittesche Sänger James Arthur huet mat sengem neiste Lidd "Emily" eng ganz emotional a roueg Single geschriwwen, déi sengem zukünftege Meedche soll weisen, dass hien och net ëmmer alles richteg gemaach huet. Hien freet sech och wéi een ee gudde Papp gëtt a wéi ee Kanner kréie richteg organiséiert.

Aussergewéinleches:

Dës Single wäert dann och um James Arthur sengem nächsten Album mat drop sinn, deen den de 5. November ënnert dem Titel "It'll All Make Sense In The End" erauskomme wäert. Wärend dem Sänger senger Tour wäert hien dann och an der legendärer Royal Albert Hall zu London optrieden, wou nëmmen déi ganz grouss Museker optriede kennen.

Fréier Hits:

Den James Arthur huet a senger Karriär scho méi wéi 30 Millioune CD'en verkaaft. Säi gréissten Hit war d'Single "Say You Won't Let Go" mat dem hien ee weltwäiten Nummer 1 Hit geschriwwen hat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

James Bay, Calum Scott, Dean Lewis