D'Sängerin mat der Power-Stëmm ass mat enger ganz neier Single zeréck.

Fakten:

Déi däitsch Sängerin Zoe Wees huet sech fir seng nei Single mam US-amerikanesche Rapper 6lack zesummegedoen. Doraus ass d'Single "That's How It Goes" entstanen. Am Lidd well d'Zoe Wees déi mental Schwieregkeete vu senger Krankheet Epilepsie beschreiwen. D'Sängerin seet och: Egal wat ech duerchmaachen, 50.000 Leit op der Welt maache genau dat selwecht wéi ech an dem Moment duerch.

Aussergewéinleches:

Vue dass d'Zoe Wees zimmlech nei an der Museksbranche ass, konnt hat duerch d'Corona Pandemie nach ni live optrieden. Säin Erfolleg ass awer trotzdeem net ze bremse gewiescht an hat freet sech am Mäerz 2022 endlech kennen déi éischte Kéier live op Tour ze goen.

Fréier Hits:

Mam Lidd "Girls Like Us" ass déi 19-Järeg Hamburger Sängerin op der ganzer Welt bekannt ginn. Och wann hat d'Lidd ni konnt live spillen, sou wäert des Single dann op de kommende Concerte fir Begeeschterung suergen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Tom Gregory, Nico Santos, Michael Schulte