Déi nei Single soll ee klenge Virgeschmaach op dem Elton John säin neien Album sinn.

Fakten:

De Sir Elton John gehéiert mat Sécherheet zu deene gréisste Museker déi et an deene leschte 40 Joer ginn ass. Elo fir seng neiste Single huet hien sech mam Sing- a Songwriter Charlie Puth zesummegedoen. Et ass eng ganz emotional a roueg Single dobäi entstanen déi dann och um Elton John sengem 32(!) Album "The Lockdown Sessions" mat drop wäert sinn.

Aussergewéinleches:

Nodeems mer den Elton John schonn zesumme mam Dua Lipa héieren hunn, wäerten op sengem nächsten Album dann och nach Features mam Lil Nas X, Miley Cirus an Nicky Minaj ze héiere sinn. Et mierkt een also, dass dem Elton John immens vill un der moderner Musek läit an dass hien dës och u sengem Erfolleg deelhuele léisst.

Fréier Hits:

Den Elton John ass an de 70er Joren duerch Lidder wéi "Rocket Man", "Crocodile Rock" oder "Goodbye Yellow Brick Road" berüümt ginn. Bal 50 Joer méi spéit huet hien dann nach ëmmer sou vill Erfolleg wéi zum Beispill mam Lidd "Cold Heart" zesumme mam Dua Lipa.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Billy Joel, Ed Sheeran, Chicago