Déi jonk Musekerin Evie Irie huet eng ganz nei Single released.

Fakten:

Déi 18-järeg Singer a Songwriterin Evie Irie aus Australien huet mat "BLEED" seng neiste Single released. D'Lidd ass eng Mëschung aus Pop-Punk an dem Evie Irie senger markanter Stëmm. Am Text vun der Single schwätzt d'Sängerin vu senge Menstruatioun a wëll den Tabu ronderëm dëst Thema ophiewen.

Aussergewéinleches:

D'Sängerin ass ganz nei am Musekbusiness mat dobäi. Am Joer 2019 huet d'Sängerin seng éischt EP mam Numm "5 Weeks in LA" erausbruecht. An där Zäit hat d'Evie Irie dann och déi grouss Chance kënne mat der Sängerin Sigrid an der Band Bastille op Tour ze goen.

Fréier Hits:

Grouss Hits hat d'Sängerin nach keng esou richteg. Trotzdeem huet d'Sängerin awer scho mam DJ Dillon Francis fir d'Single "Be Somebody" zesummegeschafft.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

WENS, Emily Vaughn, Tennage Joans