De lëtzebuergesche Multi-Instrumentalist Pascal Dechmann huet seng neiste Single zesumme mam Sonna Rele released.

Fakten:

De Lëtzebuerger Pascal Dechmann, deen net nëmme Multi-Instrumentalist mee och nach Produzent ass, huet zesumme mat der brittescher Sängerin Sonna Rele d'Single "Won't Stop" erausbruecht. Et ass och schonn déi 5ten Single déi de lëtzebuergesche Museker zesumme mat der Londoner Sängerin erausbruecht huet.

Aussergewéinleches:

De Pascal Dechmann ass scho säit 30 Joer an der Museksindustrie an definitiv keen Onbekannte méi. Bekannt gouf hien als Bandmember vu Gruppe wéi Zen And The Art of Motorcycle Repairing , Neo Tokyo a Surf Cowboys.

Fréier Hits:

Ufank 2021 huet de Pascal Dechmann säi Cover vum Lidd Jump vu Van Halen released, wat och am Eldoland gutt ukomm war. Och bei dësem Lidd gouf de Museker well vun der Sängerin Sonna Rele ënnerstëtzt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Charlotte Cardin, Dinos, AURORA