Mat der neier Single well d'Sängerin weisen, dass hat sech an deene leschte Jore vill weiderentwéckelt huet.

Fakten:

Déi 23-järeg amerikanesch Rapperin Latto huet mat "Big Energy" eng Single released, mat der hat well weisen, dass hat sech net un engem Stil festhëlt mee oppe fir nei Saachen ass. Des weidere well hat weisen, dass hat sech als Fra mee och als Musekerin weiderentwéckelt huet.

Aussergewéinleches:

D'Single "Big Energy" ass eng Uspillung op den Disco-Song "Genius of Love" aus dem Joer 1981. Allerdéngs hunn dem Latto seng Fans dat gemierkt an d'Sängerin dorop higewisen. Doropshi sot d'Musekerin dat wier hier guer net opgefall vue dass hat d'Lidd net géing kennen.

Fréier Hits:

D'Latto hat säi groussen internationalen Duerchbroch da mat sengem Album "Queen of Da Souf" wou ënner anerem Titele wéi "Muwop" oder "B*tch from Da Souf" drop waren. Awer och d'Single "Do it" zesumme mam Doja Cat ass op Spotify viral gaangen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Renni Rucci, Chinese Kitty, Rocky Badd