Mam Lidd "What If" ass de R&B Sänger NE-YO zeréck am Museksbusiness.

Fakten:

Den amerikanesche R&B Sänger NE-YO huet mat "What If" seng neiste Single erausbruecht. Nodeems hien 2018 säi leschten Album erausbruecht huet, huet hien elo no 3 Joer Paus endlech rëm nei Musek released. Am Lidd freet de Sänger sech, wat aus him gi wier, wann hien sech net deemools vu senger grousser Léift getrennt hätt.

Aussergewéinleches:

Am Februar 2021 huet den NE-YO bei der brittescher Fernseh-Sendung "The Masked Singer" matgemaach. Hei huet hien et an der Final op déi gutt zweet Platz gepackt gehat.

Fréier Hits:

Dem NE-YO seng gréissten Hits ware sécherlech "Time of Our Lives" wat hien zesumme mam Pitbull erausbruecht huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Lloyd, Trey Songz, Mario