Fir den neien Album ass Years & Years zu engem Solo-Projet ginn.

Fakten:

Déi neiste Single vu Years & Years "Crave" soll beschreiwen, wéi een sech an enger toxescher Bezéiung fillt. Mam Lidd "Crave" huet de Sänger eng ganz emotional a perséinlech Single geschriwwen déi souguer d'Energie vum Sex-Liewe vum Museker beschreiwe soll.

Aussergewéinleches:

D'Band Years & Years gouf eigentlech am Joer 2010 vun deenen dräi Australesche Museker Michael Goldsworthy, Emre Türkmen an Olly Alexander gegrënnt. Am Joer 2015 hunn si dunn hire leschte Concert zesummen als Band gespillt. Years & Years ass demno just nach ee Solo-Projet vum Sänger Olly Alexander.

Fréier Hits:

Dem Olly Alexander säi gréissten Erfolleg hat hie mam Lidd "Starstruck" wat dëst Joer erauskomm ass an sech direkt an den internationale Charts etabléiert huet. Aner Lidder wéi "King" oder "Desire" sinn zwar scho bësse méi al mee hunn op Spotify an Zwëschenzäit bis zu 400 Millioune Streams.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

ALMA, RAYE, Troye Sivan