D'K-Pop-Girl-Band TWICE ass zeréck mat enger neier Single.

Fakten:

Nodeems d'Girl-Band TWICE am August schonn deen éischten Teaser released huet, ass hir Single "The Feels" elo dobaussen. D'K-Pop Band huet mat "The Feels" ee Lidd produzéiert, wat direkt am Ouer hänke bleift. An der Single probéieren d'Sängerinnen doriwwer ze schwätze wéi et ass wann een sech op den éischte Bléck an een anere verléift.

Aussergewéinleches:

TWICE ass definitiv am K-Pop Hype ukomm. Op Spotify huet d'Band iwwer 7.5 Milliounen Nolauschterer pro Mount. Déi 9 Musekerinne wäerten dann och am Oktober hiren drëtten Album erausbréngen.

Fréier Hits:

Zu deene gréissten Hits vun der Band gehéiere Lidder  "What is Love" oder och nach "FANCY".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

LOONA, Weki Meki, MOMOLAND