Måneskin sinn zeréck mat hirer neier Single "MAMMAMIA"!

Fakten:
No "Beggin", "I Wanna Be Your Slave" an "Zitti e buoni" huet déi italienesch Band Måneskin hiren neien Track "MAMMAMIA" erausbruecht. Heibäi handelt et sech ëm e funkegen an Adrenalin-geluedene Banger, deen an der Zäit no hirem Erfolleg beim Eurovision Song Contest entstanen ass. D'Session an där d'Single enstanen ass, huet just e puer Stonne gedauert. "Mir hu probéiert et net all ze seriö ze huelen an haten einfach Spaass", esou de Bassist Victoria de Angelis iwwert "MAMMAMIA". Am Text geet et ëm alleguer d'Behaaptungen an d'Rumeuren déi hire plëtzlechen Erfolleg esou mat sech bruecht hunn.

Aussergewéinleches:
No hirem ESC-Gewënn ass e reegelrechten Hype ronderëm Måneskin ausgebrach. Den 12. Februar 2022 kommen d'Italiener iwweregens och mat hirer "Loud Kids on Tour" bei eis op Lëtzebuerg an d'Rockhal. Innerhalb vun nëmme 4 Stonnen war de Concert ausverkaaft.

Fréier Hits:
Och wann d'Måneskin-Cover-Versioun vu "Beggin'" am Fong schonn 2017 erauskomm ass, sollt et dëst Joer virun allem duerch TikTok e groussen Hit ginn. Donieft hunn och alleguer hir aner Tracks ewéi "Zitti e buoni" oder "I Wanna Be Your Slave" ageschloen a ware weltwäit ganz vir an den Charts placéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës MusekerInnen och eppes fir iech:
Royal Blood, Palaye Royale & My Chemical Romance