No zwee Joer Paus ass den Tom Walker zeréck. Dës Kéier dann zesumme mam griichesch-australeschem Rapper Masked Wolf.

Fakten:

Déi nei Single "Something Beautiful" vum Tom Walker an Masked Wolf ass eng beat-gedriwwe Single, déi sech mam Neiufank am Liewe befaassen. D'Lidd soll beschreiwen, dass et am Liewen ni ze spéit ass een Neiufank ze starten a säi ganzt Liewen op d'Kopp ze geheien. D'Museker wëllen de Nolauschterer weisen, dass een déi donkel Zäiten hannert sech soll loossen an un déi schéi Saachen am Liewen denken.

Aussergewéinleches:

Eigentlech war den Tom Walker scho méi laang amgaang un dësem Lidd ze schaffen. Wéi dunn de Masked Wolf seng Single "Astronaut in the Ocean" released huet, war den Tom Walker direkt vum Masked Wolf begeeschtert a wollt onbedéngt mat him zesummeschaffen.

Fréier Hits:

De schottesche Singer a Songwriter Tom Walker ass am Joer 2017 duerch seng Single "Leave a Light On" berüümt ginn. Mat der stoung hien dann och an den europäeschen Charts ganz uewe mat dobäi. De Masked Wolf huet dëst och duerch seng Single "Astronaut in the Ocean" erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Finle Quaye, Samm Henshaw, Whilk & Misky