Déi 21-järeg Reggae Musekerin Koffee ass mat enger neier Single zeréck.

Fakten:

Déi jonk jamaikanesch Sängerin Koffee huet no engem Joer Paus elo seng nei Single "West Indies" released. 
D'Single huet net déi klassesch Reggae Vibes mee ass éischter bësse méi relax ugehaucht. D'Drums si manner am Virdergrond a suergen trotzdeem dofir, dass d'Single net langweileg gëtt. D'Single wäert dann och um Koffee sengem éischten eegenen Album mat drop sinn. Wéini dee genee erauskënnt ass awer nach net gewosst.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2016 huet d'Sängerin Koffee a senger Schoul eng Talentshow gewonnen. Duerch dës Show huet d'Sängerin dat néidegt Selbstvertraue kritt, wat hat benotzt huet fir seng Musekskarriär ze starten. Duerch Instagram ass d'Sängerin dunn mat sengem Gesang bekannt ginn.

Fréier Hits:

Mat senger éischter EP "Rapture" huet d'Koffee ee Grammy fir dat beschte Reggae Wierk am Joer 2020 kritt. Donieft waren d'Singlen "Toast" a "Repeat" an den UK Charts vertrueden.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Skip Marley, Lila Iké, Protoje