De Farruko ass zeréck mat enger neier Single déi engem bekannt fir kennt.

Fakten:

De puerto-ricanesche Reggaeton Museker Farruko huet seng neiste Single "El Incomprendido" released. Hei huet hien sech mam kolumbianesche Produzent Victor Cardena an DJ Adon zesummegedoen. Dem Farruko säi Sound, deen een zum Beispill och schonn aus sengem Hit "Pepa" kennt ass natierlech och an dësem Lidd erëmzefannen. D'Lidd ass dann och op sengem aktuellen Album "LA 167" mat drop.

Aussergewéinleches:

Wann een sech déi nei Single ulauschtert, kennt se engem normalerweis zimmlech bekannt fir. Dat leit dorunner, dass et ee Remake vum EDM-Klassiker aus dem Joer 2010 "Better of Alone" vum DJ Alice ass. De Farruko huet dorausser eng bësse méi latin-ugehauchte Versioun produzéiert.

Fréier Hits:

Berüümt ginn ass de Museker duerch säi Lidd "Pepas" mat dem hien international iwwerall an den Charts ze fannen ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

J Alvarez, Cosculluela, Nejo