De belsche Sänger Stromae ass no 8 Joer zeréck mat neier Musek.

Fakten:

De 36-järege belsche Museker a Produzent Stromae huet seng neiste Single "Santé" ouni grouss Ukënnegung released. Am Text séngt de Stromae dovunner, dass hien allen Aarbechterklasse mol eng Kéier well Merci soen. Ganz besonnesch séngt hien dann och iwwer all déi Leit, déi zu bësse méi speziellen Auerzäite schaffe mussen, wéi zum Beispill Bäcker oder Fëscher. En neien Album soll dann och am Joer 2022 kommen. Dëse gouf awer nach net offiziell ugekënnegt

Aussergewéinleches:

Wärend senger Tour am Joer 2015 huet de Stromae ugefaange gehat Angschtattacken ze kréien. Zwee Joer duerno sot hie souguer an engem Interview dass hien sech nach net sécher wier, dass hien iwwerhaapt nach eng Kéier kéint op enger Bün stoen. Dat schéngt de Museker awer hannert sech gelooss ze hunn.

Fréier Hits:

De Stromae ass duerch seng Lidder "Alors on Danse" aus dem Joer 2009 an "Papaoutai" vum leschten Album aus dem Joer 2013 op der ganzer Welt bekannt ginn. Nach haut gëllen dës als dem Stromae seng bekanntste Lidder.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Louane, Jain, Fréro Delavega