Déi amerikanesch Indie-Pop-Band COIN huet hier neiste Single "Chapstick" released.

Fakten:

COIN ass eng amerikanesch Indie-Pop-Band déi sech am Joer 2012 zu Nashville gegrënnt huet. Den Text vun der ganz neier Single "Chapstick" handelt dovunner, dass fir vill Leit den éischte Kuss eng immens Erfarung ass obwuel et eppes ganz Normales ass.

Aussergewéinleches:

Déi dräi Museker hunn dann elo mat "Chapstick" eng Single released, déi ee ganz eegene Sound huet. Et ass eng gewësse Mëschung tëschent rockege Gittaren-Sound, déi vermëscht gi mat moderne Synthesizer Téin. Doduerch entsteet eng ganz speziell Klangfaarf, déi ee Retro-Touch an déi modern Musekswelt bréngt.

Fréier Hits:

Mat der Single "Talk Too Much" aus dem Joer 2016 stounge COIN dann an de Rock Charts an den USA. Dës Single war dann och op hirem Album "How Will You Know If You Never Try".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Colony House, Bad Suns, Vacation Manor