D'Mae Muller ass grousse Fan vum Polo G a kann elo endlech mat him zesumeschaffen.

Fakten:

D'Single "Better Days" ass eng Kollaboratioun tëschend dem Museker a Producer Neiked, der Sängerin Mae Muller an dem Rapper Polo G. Entstanen ass eng Single, déi eng verdreemte Melodie huet an de Nolauschterer soll weisen dass et ëmmer Hoffnung an eben "Better Days" ginn.

Aussergewéinleches:

D'Mae Muller hat d'Single scho wärend dem bësse mei klenge Festival Summer a Groussbritannien ugekënnegt an d'Reaktioun vun de Fans war enorm. D'Lidd ass eigentlech eng Kollaboratioun vun dräi Museker, déi allen dräi Fan vunenee sinn. D'Single soll dann och um Neiked sengem nächsten Album mat drop sin.

Fréier Hits:

De Museker Neiked hat säi gréissten Hit mat sengem Lidd "Sexual" aus dem Joer 2016. Dëst war dann och säin internationalen Duerchbroch an der Museksbranche.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Zak Abek, RAYE, Straley