De lëtzebuergesche Rapper Culture the Kid ass mat engem ganz neie Song zeréck.

Fakten:

De Culture the Kid huet elo seng nei Single "Natural Habitat" erausbruecht. Dëst Lidd ass definitiv manner poppeg ewéi seng Single "Glass Walls" an huet méi Aflëss aus dem Oldshool Hip-Hop. Mam Song wëll de Culture erëm bëssen zeréck op d'Roots kommen an och uschwätzen wat senger Meenung no an der Rap-Zeen falsch leeft.

Aussergewéinleches:

De Culture the Kid hat dann och schonn op der Leinwand eng Roll. Bei der Sendung Capitani hat hien een Optrëtt an zwar an der Roll vum Tun, dem Tanja sengem Frënd. Hie selwer sot awer, dass et am Ufank een ongewinnte Gefill war sech selwer um Fernsee ze gesinn.

Fréier Hits:

Säin Duerchbroch hei zu Lëtzebuerg hat de jonke Museker mat der Single "Glass Walls". Mat dëser stoung de Culture The Kid esouguer fir 2 Wochen op der Plaz 1 vun eisem Eldoradio Chartbreaker.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Maale Gars, Ragga, Jambal