De lëtzebuergeschen Electro-Pop-Museker huet seng neiste Single "Ocean Boy" released.

Fakten:

Den 22-Järege Sänger CHAiLD huet mat "Ocean Boy" seng neiste Single released. An dësem Lidd séngt hien dovunner, dass een heiansdo probéiert sech unzepassen an doduerch sech selwer verléiert. D'Wuert "Ocean" soll beschreiwen, dass et schwéier ass a verschiddene Situatioune Fouss ze faassen, wéi wann een am Waasser géif goen.

Aussergewéinleches:

Den CHAiLD huet eis am Interview verroden, dass hie ganz dacks géif immens laang am Studio brauchen, vue dass hien seng Lidder wierklech wëll perfekt produzéieren. Seng Musek kënnt dann och réischt eraus wann se fir hien als fäerdeg gëllt. Niewent senger Museks-Karriär ass den CHAiLD dann och am Model Beräich ënnerwee wou hien och mol heiansdo bësse méi provokativ Fotoe post.

Fréier Hits:

Dem CHAiLD säi gréissten Hit ass dann de Song "Sick Water" zesumme mam lëtzebuergesche Rapper MAZ. Déi zwee sinn immens gutt Kolleegen an dat mierkt een och an dëser Kollaboratioun. Mëttlerweil huet d'Single op Spotify schonn 260.000 Streams erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

MAZ, Seed to Tree, Tuys