D'Swedish House Mafia ass zeréck no 9 Joer Paus.

Fakten:

D'Swedish House Mafia ass ee Projet deen aus den DJ'en Axwell, Steve Angello a Sebastian Ingrosso besteet. Am Joer 2010 hunn si international an der EDM-Zeen mat "One" Fouss gefaast. Elo hunn déi dräi Museker zesumme mam Sänger The Weeknd hir ganz nei Single "Moth To A Flame" released. D'Single ass perfekt fir ze danze mee trotzdeem bësse manner EDM-lasteg wéi een dat soss vun der Swdish House Mafia gewinnt war.

Aussergewéinleches:

Net nëmmen eng nei Single hunn déi dräi DJ'en erausbruecht, mee si ginn och op Tour. No 9 Joer Paus feieren si dann am Joer 2022 endlech hire laang erwaarde Comeback.

Fréier Hits:

Am Joer 2010 hunn déi dräi DJ'en hir éischt grouss Single "One" erausbruecht. Mat der sinn si international duerchgestart a waren op allen grousse Festivallen Headliner. Mam Lidd "Don't You Worry Child" am Joer 2012 hunn si et dann och gepackt op der ganzer Welt um Radio ze lafen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Afrojack, Nicky Romero, NERVO