No hirer Single "Cheap Thrills" sinn de Sean Paul an d'SIA zeréck!

Fakten:

De Sean Paul ass säit den Ufanks 2000er an der Dancehall-Zeen net méi ewechzedenken. Elo huet hien sech fir déi zweete Kéier mat der australescher Sängerin SIA zesummegedoen an d'Single "Dynamite" released. De Song soll mat senge Beats fir gutt Stëmmung a bësse Summervibes suergen an dëse bësse méi däischtere Méint.

Aussergewéinleches:

De Sean Paul huet dann och nach eng Kéier an de Medien déi gutt Zesummenaarbecht mam SIA an dem Produzent Greg Kurstin  ernimmt. Hien sot dass hien immens frou wier dass hien d'SIA kenne geléiert hätt a wier ee grousse Fan vu senger Musek.

Fréier Hits:

Déi zwee Museker haten am Joer 2016 schonn zesummen eng Single released. "Cheap Thrills" hat deemools déi international Charts fest am Grëff a gehéiert bis haut nach an all DJ-Playlist.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Mr. Vegas, Beenie Man, Elephant Man