Déi kanadesch Sängerin Jessia ass mat senger neier Single "But I Don't" zeréck.

Fakten:

Déi jonk kanadesch Sängerin Jessia huet mat "But I Don't" een neie Popsong released deen definitiv Potenzial zu engem Ouerwuerm huet. D'Single suergt fir eng relax Stëmmung an de Refrain ass esou geschriwwen, dass en direkt am Ouer hänke bléift. Och dem Jessia seng immens gutt Stëmm ronnt d'Single nach eng Kéier sou richteg of.

Aussergewéinleches:

D'Jessia ass eng jonk Popsängerin vu Vancouver déi an der Vergaangenheet scho mat eenzele Lidder Erfolleg hat. Et ass awer eréischt mat dësem Song a mat Hëllef vun der Plattform TikTok, wou hatt richteg bekannt gouf.

Fréier Hits:

D'Sängerin ass am Joer 2021 duerch säin Hit "I'm not Pretty" berüümt ginn. Dësen ass op Tik Tok explodéiert an huet de Platin-Status a Kanada erreecht. D'Single stoung dann och op der 4ter Platz an de Kanadeschen Charts a gouf iwwer 220 Millioune mol gestreamt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Rita Ora, Dua Lipa, Tove Lo