No engem vollgepaakte Joer 2020 sinn d'Black Eyed Peas elo mat enger neier Single zeréck.

Fakten:

D'Black Eyed Peas si mat enger ganz neier Single zeréck an der si sech Ënnerstëtzung vun de Sängerinnen Saweetie a Lele Pons geholl hunn. D'Single "HIT IT" gëtt vum Gesang vun de Black Eyes Peas an deenen zwou Sängerinnen ugedriwwen, dee vun der Basslinn perfekt ënnermoolt gëtt. Dësen Track ass dann och deen éischte säit hirem 2020er Hit "Girl Like Me" zesumme mam Shakira.

Aussergewéinleches:

D'Band The Black Eyed Peas hunn sech am Joer 1995 gegrënnt an haten hiren Duerchbroch an de fréien 2000er Joren zesumme mat der Sängerin Fergie a Songs wéi "Pump It" oder "Mas Que Nada". Bis 2010 krut d'Band dann och scho 6 Grammys a vill aner Präisser.

Fréier Hits:

De leschten Album "Translation" vun The Black Eyed Peas hat ganzer 4 Nummer-1 Hits mat dobäi. D'Single "Ritmo" huet esouguer 2 mol Platin-Status erreecht a stoung 24 Wochen op der Platz 1 vun de Billboard Hot Latin-Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

will.i.am, Jennifer Lopez, Justin Timberlake