Den James Arthur wënscht sech mat der neier Single "SOS" heiansdo bëssen Hëllef vun anere Léit.

Fakten:

De brittesche Sänger James Arthur huet mat senger neiste Single "SOS" eng angeneem Pop-Single released, déi bësse wéisst, dass de Sänger net ëmmer a sengem Liewen eng genau Richtung huet. Hien séngt am Text dass hien sech heiansdo a sengem Liewe gefaange fillt an et schwéier ass aus dësem Kreeslaf erauszekommen.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2012 huet de Sänger bei der Casting Show "The X Factor" matgemaach an huet déi dann och gewonnen. Doduerch ass de Sänger dann och berüümt ginn an huet sech fest an der Museksbranche integréiert.

Fréier Hits:

Dem James Arthur säi gréissten Hit war d'Lidd "Say You Won't Let Go", mat deem hien an Zwëschenzäit schonn op Spotify iwwer 1.8 Millioune Streams erreecht huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Calum Scott, Dean Lewis, James Bay