De Casper ass zeréck mat enger weiderer Single-Auskopplung vu sengem neien Album "Alles war schön und nichts tat weh"!

Fakten:
Schonn ëmmer stoung déi mental Gesondheet beim Casper senger Musek am Fokus. Och a senger neier Single "TNT" gräift hien dëst Thema erëm op a behandelt Bipolaritéit, Depressiounen an de Kampf seng Emotiounen am Schach halen ze kënnen. Tëschent alleguer deene perséinlechen an haarde Lines suergt den däitsche Museker Tua mat senger scho bal doucer Stëmm fir e gudde Kontrast. Mat "TNT" liwwert de Casper eng weider Single-Auskopplung aus sengem neien Album "Alles war schön und nichts tat weh", deen de 25. Februar erauskënnt.

Aussergewéinleches:
Mat sengem neien Album geet de Casper selbstverständlech och op Tour. Déi fänkt de 17. Mäerz 2022 am Capitol zu Hannover un a geet no 26 Concerten de 16. Dezember 2022 zu Berlin an der Max-Schmeling-Halle op en Enn. Ee vun deene Concerten wäert de 26. Mäerz 2022 och hei zu Lëtzebuerg am ausverkaaften Atelier stattfannen. Hei hutt dir nach d'Chance op allerlescht Ticketen!

Fréier Hits:
Duerch divers Freestyle-Events an der Hip-Hop-Grupp "Kinder des Zorns" huet de Casper ufanks vun den 2000er éischt Ablécker an d'Museks-Zeen kritt. Vun 2009 bis 2010 war hien ee Joer bei Selfmade Records ënner Vertrag. Mat sengem Signing bei Four Music a sengem zweeten Album "xoxo" sollt him dunn endgülteg den Duerchbroch geléngen. Um Longplayer ware Lidder ewéi "Michael X", "So perfekt" oder "Auf und davon" mat drop.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Marteria, Prinz Pi, Kraftklub & Cro