Haut am Xclusiv presentéiere mir iech déi fonkelnei Single vum Kungs!

Fakten:
Mat sengem "Never Going Home" huet de franséischen DJ Kungs definitiv ee vun de Summer-Hits vun dësem Joer gelant. Elo leet hie mat der neier Single "Lipstick" no. Änlech ewéi "Never Going Home" bleift och "Lipstick" direkt am Ouer a verbënnt 80er-Elementer mat enger catchy Melodie! An engem Interview mat Fun Radio huet de Kungs dann och viru kuerzem confirméiert, dass säin neien Album am Januar 2022 erauskomme wäert. No "Layers" aus dem Joer 2016 wäert dëst säin zweete Longplayer sinn.

Aussergewéinleches:
Wärend der Pandemie huet de Kungs mat sengem "Club Azur" eppes ganz Besonnesches geschaf. Dobäi handelt et sech quasi ëm e virtuelle Club an deen ee sech per Skype oder Zoom eraschalte konnt. All Samschden Owend vun 22:00 bis 4:00 Auer huet hien de Leit genee dat gebueden, wat mir zu där Zäit all esou vermësst hunn: Party! De "Club Azur" gëtt et wierklech zu Paräis, an natierlech wäert de Kungs ënnert anerem do säin neien Album exklusiv presentéieren.
Säi Kënschtlernumm Kungs huet de Valentin Brunel iwweregens fonnt, ewéi hien online d'Iwwersetzung vum Wuert "Gentleman" a verschiddene Sprooche gesicht huet. "Kungs" heescht op Lettesch esouvill ewéi "Mister", "Lord" oder eben "Gentleman".

Fréier Hits:
Mat 15 Joer huet de Fransous ugefangen Remixes op Soundcloud eropzelueden. Virun allem seng eege Versioun vum Bob-Marley-Hit "Jammin'" krut immens vill Opmierksamkeet an hat séier e puer Millioune Klicks. Doropshin gouf hien och ganz séier offiziell fir Remixes gebucht an huet ënnert anerem fir Axwell x Ingrosso oder Lost Frequencies produzéiert. Fir seng éischt EP hat hie sech dunn de Soul-Song "This Girl" vun der australescher Band Cookin' on 3 Burners op d'Broscht geholl. Et war dee Song ginn, mat deem hien de groussen Duerchbroch packe sollt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Martin Solveig, Jamie N Commons, Lost Frequencies & Bob Sinclar